Ween si mir a Wat maache mir iwwerhaapt?

Du hues nach keen Benotzerkonto op eiser Säit? Registréier dech gratis an maach bei eiser Community mat!

  • Moien Alleguerten,


    Ech sinn den iVirusYx , offline ginn ech Mich genannt, an hunn virun net alt ze laangem eng Gaming Fro gehat déi éischter Lëtzebuerg betrefft. Ech konnt mech also net un eis auslännesch Communautéite riichten, ewéi ech dat soss géif maachen. Op Facebook hat ech keng Chance, well do eng Konversatioun net méi ewéi een Dag oprecht erhale kann ginn an ech d'Gruppen awer net futti-spamen wollt.


    Doropshin ass mer an den Sënn komm dass et dach sécher ee lëtzebuergesche Gaming Forum muss ginn, hunn awer mat Erstaune festgestallt dass et dat awer grad net méi gëtt. Déi meescht hunn et opginn, och Facebook & Co. säi dank. ;(

    Dann muss ech et selwer maachen! - Hunn ech mer geduecht.

    Ech hunn sou wei sou keng besser mat menger Fräizäit ze dinn! - Hunn ech mer geduecht.

    "Gelegenheit: ein günstiger Anlaß, sich einer Enttäuschung zu bemächtigen." - Hunn ech mer geduecht. (Net wierklech, hunn just eng intellektuell Ergänzung fir dësen Text gesicht ;P. Zitat vum Ambrose Gwinnett Bierce)

    Verstitt mech elo net falsch! Haut gëtt et nach lëtzebuergesch Gaming Communautéiten!


    videogames.lu, 11fgaming, We Live Games, Blueberry Gaming, InGame (op Facebook), etc...

    Fir der e puer ze nennen. Leider huet kee vun hinnen ee Forum méi. Et ass einfach net an hirem Interessi an ech kann et och ganz gutt verstoe wisou.


    Menger Usiicht no ass awer och net direkt jiddereen dorunner interesséiert engem ganzen Team bäizetrieden, oder op Evenementer ze goen. An och oft hunn déi Communautéite just ee ganz bestëmmten Interesseberäich. Sech einfach mol Anonym anzwousch ze mellen an mat ze maachen ass an dëser Form momentan net zu Lëtzebuerg méiglech. Wisou och fill Leit op englesch, däitsch oder franséisch Communautéiten zréck gräifen.


    Ech sinn dann also op d'Sich gaange no Leit déi eventuell de selwechte Gedanken hunn an sinn effektiv och op Interessi gestouss. Ënner verschiddene Konditiounen wuel bemierkt. Ma et huet net laang gedauert dunn sinn ech op de Maggele a Piroo gestouss, déi meng Iddi gedeelt hunn an sech bereet erkläert hunn mer bei engem neie lëtzebuergesche Forum ze hëllefen.


    Dobäi ass eis wichteg dass Jiddereen, deen sech mat Videospiller beschäftegt, ka mat maachen an all Interessi vertrueden ass (PC, Konsolen, Mobil, etc.). Mir wëllen eng oppe Plattform fir all Lëtzebuerger, och eventuell esou den Mëttelsmann tëscht de verschiddene Communautéiten an hiren Aktivitéiten am Land sinn. Net méi an net manner, dat ass eist Ziel.