HTC Vive Eye Tracking. Méi no ewéi ee mengt!?

Du hues nach keen Benotzerkonto op eiser Säit? Registréier dech gratis an maach bei eiser Community mat!

  • Ech sinn elo just op dësen Artikel gestouss an et klengt wierklech villverspriechend, zumindest wat an der nächster Generatioun op eis duer kéint kommen.


    HTC huet esouguer schonn den ongeféieren Erscheinungsdatum confirméiert fir déi sou genannten "Developer Kits", also Geräter fir dass Entwéckler kënnen ufänken domadder ze schaffen: Asien nächste Mount an déi westlech Welt am drëtte Quartal 2017.

    D'Technologie selwer ass vun der Firma 7invensun entwéckelt ginn, déi Member vun der "Vive X accelerator's second class" sinn, quasi een Inkubator vun HTC fir Startup-Firmen déi exklusiv fir d'Vive entwéckelen.


    Bei der Technologie handelt et sech em Lënsen déi an d'HTC Vive kënnen agebaut ginn, an esouguer an verschiddene Stäerkten kommen (Perfekt fir Leit déi op ee Brëll ugewise sinn).


    luxgamer.eu/index.php?attachment/15/


    All Lëns huet een mini-USB Uschloss, déi dann iwwert een Y-Adapter-Kabel direkt un den USB-Port vun der Vive selwer ugeschloss ginn.


    luxgamer.eu/index.php?attachment/16/


    Des Lënsen sinn zwar elo nach een "Add-on" ewéi een schonn feststellen konnt an kaschten och erëm zousätzlech 220$ (vun HTC confirméiert), mee et ass ze erwaarden dass des Technologie an der nächster Generatioun fest verbaut kéint ginn.


    Positiv wierkt sech awer déi direkt Méiglechkeet domadder aus, dat sougenannten "Foveated Rendering".
    Heescht, dass Spiller kennen op dem Bildpunkt wou een grad hikuckt mat zimlech fill Detailer kënne ge-rendert ginn, während alles ronderëm nëmmen mat dem Néidegen duergestallt gëtt.



    Dëst wierkt sech dann natierlech extrem positiv op déi Ressourcen aus déi eng Grafikkart muss opbréngen fir d'Bild ze berechnen.


    Ewéi een och an dësem Video gesäit, gëtt "Foveated Rendering" op engem "normalen" Laptop demonstréiert (ech hunn d'Spezifikatiounen net fonnt, gesäit awer net no "Gamer" aus) an wann een de Kommentarer vum Reporter trauen kann, dierft et villverspriechend sinn.




    Dat ganzt kënnt dann mat enger Software déi awer um Ufank nëmmen Nvidia Grafikarten ënnerstëtzt.